
RTL-Informatiounen no huet Feier um Gespär ugefaangen an dono op d'Haus iwwergegraff. Direkt 4 Corpse vun de Pompjeeën, Réimech, Mutfert Hesper a Réiserbann, waren am Asaz, fir d'Feier auszekréien. Den COS vum Asaz koum vun de Pompjeeën aus der Stad.
De grousse Schued um an am Gebai déiden drop hin, datt d'Haus an noer Zukunft net ze bewunne wäert sinn, de Materialschued ass deementspriechend grouss. Persoune goufe keng blesséiert.
De Brand an d'Rettungsaarbechten hunn dann och fir Problemer am Trafic gesuergt.