
D'Persoun, déi dës Bränn geluecht huet, hat als Zil praktesch exklusiv Dreckscontainere vun der Stater Gemeng a Poubellen.
No enger Enquête vun e puer Wochen, huet d'Police judiciaire zesumme mat de regionalen Unitéiten d'Identitéit vum Brandstëfter ermëttelt.
D'Persoun koum virun den zoustännegen Untersuchungsriichter, esou d'Police en Donneschdeg.