Suergekanner Logement a LoyersgesetzBrauch de Staat de Privatinvestisseur?

Anne Wolff
Grad d'Oppositioun kënnt mat verschidde Proposen, wat de Wunnengsbau a Wunnengsmaart zu Lëtzebuerg betrëfft. Hir Pläng krut d'Regierung net all ëmgesat.
Brauch de Staat de Privatinvestisseur?
De Logement an d’Loyersgestz sinn aktuell ee vun de Suergekanner vun der Lëtzebuerger Politik.

De Locatiounsmarché hat am Laf vun engem Joer en enormen Zoulaf, dee sech an enger zolitter Präishausse erëmspigelt: +11,5 Prozent bei den annoncéierte Loyerspräisser.

Gläichzäiteg ass d’Zuel vun den Demande fir esou genannten abordabel Locatiounswunnengen zanter 2021 ëm 43 Prozent geklommen. Wéi wëllen d’Parteie mat där Situatioun ëmgoen a wouhier sollen d’Suen dofir hierkommen?

4.117 abordabel Locatiounswunnengen an ëffentlecher Hand sinn aktuell um Marché. De Fonds du Logement kritt an der Moyenne 60 abordabel Locatiounswunnengen am Joer fäerdeg. 5.500 Stéit stinn awer aktuell op de Waardelëschten.

Der politescher Oppositioun no ass den abordabele Logement eng Drëps op de waarme Steen.

A fir méi Locatiounswunnengen ze hunn, misst iwwerhaapt méi gebaut ginn. D’CSV plädéiert dofir, d’TVA beim Bau vu Mietwunnengen nees op 3% erofzesetzen. “Wann ee géif op Bréissel negociéiere goen, kéint dat goen”, ass de Marc Lies sech sécher.

D’Adr gesäit dat änlech a fuerdert och nees, den alen Amortissement accéléré anzeféieren. E steierlechen Avantage beim Kaf vu Wunnengen, déi verlount solle ginn, dee vun dëser Regierung limitéiert gouf. “De Staat huet a sech eng ganz Rei Mesurë getraff, déi de Logement behënneren a méi deier maachen. A mir géingen dat gäre réckgängeg maachen”, kritiséiert de Fernand Kartheiser.

Méi Bauen, dat wëllen och d’Regierungsparteien, mä net mat de selwechte Mesuren, déi an hiren Ae viru Joerzéngte schif gaangen sinn. D’LSAP setzt vill op Mobiliséierung vun disponibelen Terrainen, krut awer just hir Grondsteierreform a Mobiliséierungstaxen nach net duerch d’Chamber.

Déi Gréng stellen de Pacte Logement 2.0 an d’Vitrinn: zanter Januar 2021 musse bei allen neien Quartieren, déi gebaut ginn, tëscht 10 an 20 Prozent vun de Wunnengen zu engem abordabele Präis op de Marché kommen. Bis déi Reform och richteg bei de Leit ukënnt, dauert et awer.

Se wëllen dann awer och 800 abordabel Wunnengen all Joer fäerdeg hunn, haaptsächlech fir d’Locatioun. An dofir 600 Milliounen Euro d’Joer investéieren. D’Semiray Ahmedova ënnersträicht, et wier eng “Wunnengsbauoffensiv”, déi gestart hätt. “Am Bau ass et awer sou, dass alles, wat ugefaange huet, eng gewëssen Zäit brauch, bis dass et fäerdeg ass an do steet. Mä déi Jalone sinn awer geluecht”.

D’Piraten verspriechen ëffentlech Wunnenge fir 10 Euro de Metercarré. Eng Iddi hunn d’DP, d’Piraten an déi Lénk gemeinsam: de Pensiounsfong kéint nach méi an de Wunnengsbau investéieren.

Vill Parteien, vill verschidde Pisten an ëmmer rëm komplex Zesummespiller tëscht Locatioun, Vente, Gemengen, Staat a privatem Investment.

Dat Eenzegt, wou sech all d’Parteien Eens sinn: Et ka keng Wonnerléisung ginn.

Deel 1: Suergekand Logement: Wat bidden d’Parteien de Locatairen?

Back to Top
CIM LOGO