Interpellatioun an der ChamberBrauche mir Alternativen zur Prisongsstrof?

Monica Camposeo
D'Prisongsstrof ass wéi en Damoklesschwäert iwwert der concernéierter Persoun, dowéinst missten déi alternativ Forme vu Strofe méi applizéiert ginn.
Brauche mir Alternativen zur Prisongsstrof?
D’Prisongsstrof ass wéi en Damoklesschwäert iwwert der concernéierter Persoun, dowéinst missten déi alternativ Forme vu Strofen méi applizéiert ginn.

Dat sot den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana e Mëttwoch an der Chamber an senger Interpellatioun. D’Reinsertioun sollt am Mëttelpunkt stoen, Mesuren, déi de Wee zeréck an d’Fräiheet virbereeden, missten aus deem Grond favoriséiert ginn.

Dacks géing een am Prisong en negativen Afloss kréien an den Detachement vu Famill, Frënn an der Aarbechtsplaz géing et no der Prisongsstrof nëmmen nach méi schwéier maachen, sech nees am Alldag erëm ze fannen.

Eng Mesure, déi an den ënnerschiddleche Rieden an och vum Dan Biancalana genannt gouf, ass déi elektronesch Foussfessel. Dës Mesure géing awer net genuch genotzt ginn: 42,5 Prozent vun de Leit, déi am Prisong sinn, hunn eng Strof vun bis zu dräi Joer. Dat ass genee déi Durée, déi och fir eng Surveillance électronique géing a Fro kommen.

Extrait Dan Biancalana

Den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana huet dowéinst gefrot, ob et net méiglech wier, dës alternativ Form vu Strof bei dëse Fäll méi ze applizéieren. Obwuel dës Mesure am Gesetz schonn zanter 2018 verankert ass, géing sech d’Applikatioun a Grenzen halen.

Den Ament sinn 10 Detenuen, 7 Männer an 3 Fraen, am Programm vum elektronesche Bracelet dran, wéi d’Justizministesch Sam Tanson dann an hirer Ried ervirgehuewen huet. Dës Zuel géing den Statistike vum Joer 2020 no pro Mount tëscht 7 an 23 Detenue variéieren.

En Thema wier och, dass eng Majoritéit vun de Leit, déi am Prisong sinn, net condamnéiert sinn, esou nach d’Justizministesch Sam Tanson: Dat hätt och domadder ze dinn, dass iwwer d’Hallschent vun de Prisonéier hire Wunnsëtz net zu Lëtzebuerg hunn. Dat géing net alles an de Statistiken erklären, ma wier awer e Grond wisou déi elektronesch Foussfessel net méi kann applizéiert ginn. Dës Mesure muss nämlech kontrolléiert ginn an dofir bréicht ee natierlech e Wunnsëtz.

Extrait Sam Tanson

Allgemeng wiere vill Instrumenter fir d’Alternativen zu der Prisongsstrof schonn do, mä se missten, do wou et méiglech ass, besser applizéiert ginn, esou nach d’Ministesch.

Back to Top
CIM LOGO