Vu Gülle zum Stroum Biogasanlagen – vill Potential, wéineg nei Anlagen

Diana Hoffmann
An hirer nationaler Biogasstrategie wëllt d'Regierung, datt an Zukunft 50 Prozent vum Gülle- a Mëschtpotenzial energeetesch genotzt ginn.

Aus ënner anerem Gülle, Mëscht a Biooffäll Stroum an Hëtzt produzéieren: Wat op den éischte Bléck futuristesch kléngt, ass zu Lëtzebuerg schonn zanter Jore Realitéit. Trotzdeem kënnt den Ausbau vun de Biogasanlagen nëmme lues virun. Bedreiwer gesinn e grousst Potenzial, kritiséieren awer virun allem déi komplex Geneemegungsprozeduren.

Zu Reiden un der Atert gëtt et schonn zanter 23 Joer eng Biogas-Kooperativ, un där ronn 20 Betriber bedeelegt sinn. D'Anlag produzéiert genuch Stroum fir ronn 2.700 Stéit. Doriwwer eraus gëtt och Hëtzt iwwer en Nahwärmenetz un den Atert-Lycée, d'Reidener Schwämm, d'Sportshal an e Supermarché geliwwert.

Biogas kéint awer nach méi eng grouss Roll spillen, mengt de Christian Hahn, President vun der Landwirtschaftskammer. Hie schätzt, dass et aktuell ronn 15 bis 16 Biogasanlagen am Land ginn. “Quasi all Betrib kéint esou eppes hunn. Oder et gemeinschaftlecher maachen", mengt de Bauer.

An de leschten zéng Joer ass d'Zuel vun den Anlagen awer kaum gewuess. Eng ganz Partie Betriber, wéi zu Kielen oder zu Biekerech, hu souguer nees zougemaach. D'Problemer wieren ënnerschiddlecher Natur gewiescht, seet de Christian Hahn. De Site muss enger Säit gutt geleeë sinn an d'Tariffer musse stemmen.

Eng vun de gréissten Erausfuerderunge sinn de Bedreiwer no awer déi opwänneg administrativ Prozeduren. Déi vill Geneemegungen, Etüden an administrativ Oplage géife vill Baueren dovun ofhalen, an esou eng Technologie ze investéieren.

Erneierbare Stroum ouni Sonn a Wand
D'Biogasanlagen hu vill Potential, et gëtt awer wéineg där Anlagen am Land.

Eng eege Biogasanlag direkt nieft dem Stall

Trotzdeem huet sech e Bauerebetrib zu Heesdref an der Gemeng Wëntger 2023 dozou entscheet, eng eegestänneg Biogasanlag ze bauen. Zanter zéng Méint ass dës elo a Betrib. "D'Zil ass et, de landwirtschaftlechen Nährstoffkreeslaf besser ze notzen", erkläert de Jérôme Reuter, Matbedreiwer vun der Biogasanlag. Aus der Gülle gëtt Stroum an Hëtzt produzéiert, gläichzäiteg verbessert sech awer och den Düngerwäert vun der Gülle. Doduerch ass de Betrib manner op chemeschen Dünger ugewisen. E weideren Avantage wier dann, dass den Dünger dono manner richt, wann en op d'Felder ausgedroe gëtt.

Aktuell leeft d'Anlag zu Heesdref mat der Gülle vu ronn 70 Kéi. All Dag ginn ongeféier 400 Kilowattstonne Stroum produzéiert, dobäi ginn och nach dräi Haiser mat Hëtzt versuergt. Mat engem méi grousse Véi-Bestand soll d'Auslaaschtung an Zukunft nach eropgoen.

Och zu Reiden un der Atert steet eng Moderniséierung un. "Mir mussen elo investéieren, fir en neie Stroumpräis ze kréien. Eis ganz Technik, déi gëtt komplett erausgeholl a moderniséier", erkläert de Gilles Eyschen, President vun der Kooperativ Biogas un der Atert. Doriwwer eraus soll d'Anlag vergréissert ginn, fir nach besser op de Besoin u Hëtzt kënnen anzegoen.
Fir d'Bedreiwer ass kloer: Biogas ass eng wichteg Ergänzung zu aneren erneierbaren Energien. Am Géigesaz zu Wand- a Solarenergie kann eng Biogasanlag och dann zouverlässeg Energie liwweren, wann d'Sonn net schéngt oder kee Wand bléist.

Dacks stéisst d'Technologie vun de Biogasanlagen awer och op Kritik, well dofir sougenannt Energieplanzen, och "Nawaro" (nachwachsende Rohstoffe) genannt, wéi Mais agesat ginn. Zu Reiden un der Atert géifen dës awer just ronn 10 Prozent vun de Matièren ausmaachen, déi an der Biogasanlag verschafft ginn, seet de Christian Hahn. Si géifen haaptsächlech am Wanter bäigemëscht ginn. Déi aner ronn 90 Prozent bestinn aus Offallproduiten, wéi Gülle, Mëscht, Biooffäll a Gréngschnëtt.

Back to Top
CIM LOGO