
Als éischt gouf et tëscht 11 an 12 Auer zwee Vegetatiounsbränn. Eng Kéier tëscht Mompech a Waasserbëlleg, hei waren d'Ekippe vu Manternach, Mäertert a Mompech am Asaz an eng zweete Kéier zu Stengefort, wéi an der Rue de Schwarzenhof e Bam gebrannt huet. Hei waren déi lokal Ekippen op der Plaz. Da gouf et en drëtte Brand géint 16:15 Auer zu Hollerech. Hei stoung eng Poubelle a Feier an d'Pompjeeën aus der Stad waren am Asaz.
De CGDIS mellt dann zwee weider Accidenter vun de Mëtteg. Kuerz 14:20 Auer sinn op der A3 a Richtung Stad op Héicht vun der Aire de Berchem zwee Autoen aneneegerannt, dobäi goufen dräi Leit blesséiert. D'Ekippen aus dem Réiserbann a vu Beetebuerg waren hei op der Plaz
Ee Verwonnte gouf et eng Stonn méi spéit zu Roumecht, wéi een Auto an ee Vëlo net laanschtenee komm sinn. Hei waren déi lokal Ekippen erausgeschéckt ginn.