Affär Dan Da MotaBréif an Äntwert vum Roy Reding un de Procureur général Martine Solovieff

RTL Lëtzebuerg
De Procureur général war d'lescht Woch jo doriwwer opbruecht, dass de Roy Reding behaapt hat, d'Justiz géif der Press systematesch Tuyaue ginn.

Gewëss Journaliste wären dacks schonn iwwer eng Perquisitioun informéiert, déi mol nach net ofgeschloss wär, an hie kéint dozou net nëmmen Indicë liwweren, mä och konkret Dossieren, Nimm an Auerzäiten: Dat äntwert de Roy Reding dem Procureur général um Freideg an engem Bréif am Zesummenhank mat der Affär ëm de Fussball-Nationalspiller Dan Da Mota. Dee Bréif huet den Deputéierten och un RTL geschéckt, sou wéi d'Martine Solovieff dat mat hirem Bréif gemaach hätt.

PDF Bréif vum Roy Reding

Back to Top
CIM LOGO