ZeienopruffBronzefigur um Kierfecht zu Bech-Maacher geklaut

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no Zeien, nodeems tëscht dem 25. Mäerz an dem 4. Abrëll eng Bronzefigur vun engem Graf um Kierfecht zu Bech-Maacher geklaut gouf.
© Police

Nieft der geklauter Figur, déi ronn 60 bis 70 Zentimeter grouss ass, an eng Fra, déi biet duerstellt, gouf och d’Kräiz vum Graf beschiedegt.

Wien eppes gesinn oder Informatiounen zu der Dot huet, soll sech bei der Police vu Réimech/Munneref ënner der Nummer (+352) 244 77 1000 oder per Mail u police.remichmondorf@police.etat.lu mellen.

© Police

Back to Top
CIM LOGO