Aus dem PolicebulletinBrutal Jugendlecher an der Stad, Kläppereien zu Esch a Fahrerflucht

RTL Lëtzebuerg
E Freidegowend, respektiv an der Nuecht koum zu e puer Virfäll mat brutalen Iwwergrëffer, Kläppereien an engem Accident mat Fahrerflucht.
© RTL Archivbild

Wéi d'Police matdeelt, goufen tëscht 20 an 20.30 Auer 3 brutal Iwwergrëff gemellt, bei deenen all kéiers 3 Jugendlecher involvéiert solle gewiescht sinn.

An der Avenue Pasteur ass eng Persoun virun enger Wiertschaft ouni Grond ugegraff ginn.

An der Avenue Victor Hugo an an der Avenue de la Porte Neuve kruten 2 verschidde Leit eng Posch, respektiv e Kopfhörer geklaut.

D'Police konnt eng verdächteg Persoun ermëttelen. De presuméierten Täter gouf géint Mëtternuecht festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Kläppereien

Zu Esch huet d'Police direkt 3 Mol, an der Rue d’Audun, der Rue des Champs an an der Cité Blum, misse wéinst enger Kläpperei an Ausernanersetzungen agräifen.

An de Rue Kelvert zu Nidderkuer gouf eng Persoun gebass a blesséiert. An der Rue de la Libération zu Diddeleng huet e Mann op der Strooss randaléiert, sou datt d'Police huet missen intervenéieren.

A sämtleche Fäll war Alkohol am Spill. E puer ganz aggressiv Persounen hu missen an Arrest geholl ginn, well si eng Gefor fir sech an anerer waren.

Fahrerflucht

Géint 2.20 Auer e Samschdeg de Moien war en alkoholiséierte Chauffer mat sengem Auto an eng Hauswand beschiedegt an hat sech ewech gemaach. Hie konnt ermëttelt ginn. Hien hat ze vill gedronk a krut e Protokoll.

Back to Top
CIM LOGO