Invitée vun der Redaktioun - Joëlle Elvinger (27. November)Budget 2018 net ze optimistesch an zukunftsorientéiert

RTL Lëtzebuerg
Invité e Méindeg de Moien um 10 op 8 war d'Budgetsrapportrice Joëlle Elvinger.
VIDEO: Radio - Invité vun der Redaktioun Joëlle Elvinger (27.11.17)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Ze optimistesch a net sozial genuch. Dat sinn zwou Kritiken, déi et a rezenten Avisen zum Budget 2018 gouf. Kritiken, déi d'Budgetsrapportrice Joëlle Elvinger, net gëlle léisst. Dat d'Wuesstemsprognose méiglecherweis ze optimistesch sinn am Budget, wier kee Grond ze mengen, datt een net virsiichteg wier.

D'Invitée vun der Redaktioun huet erkläert, datt een och aner makroekonomesch Facteure misst consideréieren, wéi Masse salariale, Emploi, Consommatioun.

De Budget géif mat de reelle Recettë vum Staat gerechent ginn. Och datt ze vill Scholde gemaacht ginn, wier falsch, sou d'Budgetsrapportrice Joëlle Elvinger.

Dat géife positiv Bewäertunge vun der EU-Kommissioun an de Ratingsagence weisen. D'Gratiskannerbetreiung, an héich Investissementer a Schoulen an ëffentlechen Transport zum Beispill, wieren der Budgetsrapportrice no, och Beweiser dofir, datt de Budget 2018 ee fir déi nächst Generatioune wier, dee sech de Verännerungen an der Gesellschaft upasst.

Invité e Méindeg de Moien um 10 op 8 war d'Budgetsrapportrice Joëlle Elvinger.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO