Op Äschermëttwoch ass et eriwwer mat der Fuesent. An den Héichbuerge Köln, Mainz an Düsseldorf geet déi geckeg Joreszäit op en Enn. Och zu Lëtzebuerg gëtt et eng speziell Traditioun. Zu Réimech organiséiert déi lokal Musek e Fakelzuch, bei där zum Schluss de sougenannte "Stréimännche" verbrannt gëtt.
E Cortège zitt duerch d'Stroosse vun der Stad bei der Musel. Et gëtt gedanzt, gesongen an de Stréimännche gëtt bis op d'Bréck gedroen. Ënnert den Téin vun der Réimecher Musek gëtt d'Popp ugefaangen a fält no e puer Minutten an d'Musel. Wärend engem Schaltjoer ass et eng weiblech Stréipopp déi de Kapp duerhale muss. 2028 ass dëst nees de Fall.