
..., dat sot de Buergermeeschter vu Viichten a fréieren Deputéierten, de Jean Colombera e Mëttwoch de Moien, kuerz nodeems hien e Putschversuch vu sengen zwee Schäffen iwwerstanen hat.
Et ass net deen éischte Mësstrauensvott an der Majorzgemeng, mat hiren 1300 Awunner. Dee Mann deen de Buergermeeschter wollt stierzen, de Camille Scheuren (zesumme mat der 2. Schäffe Rita Junk Reuter) hat dat viru 6 Joer och schonn eng Kéier gemaach deemools mat Succès...ma haut sollt d'Rechnung net opgoen.
De Buergermeeschter war preparéiert an huet selwer e Mësstrauensvott géint déi 2 Schäffe gestallt, e Mësstrauensvott dee vun him selwer 5 Conseiller ënnerschriwwe war. Iwwert dee Mësstrauensvott gëtt e nächste Mëttwoch ofgestëmmt.