Virun allem wier et eng Decisioun, déi am Fong schonn zanter Enn 2017 steet. Deemools gouf de Stater PAG ugeholl, dee kloer virgesäit, dass um ënneschten Deel vum Lampertsbierg och an Zukunft dierf méi héich gebaut ginn. Ronn zwee Drëttel vun den Haiser goufen hei och schonn ofgerappt an duerch méi héijer ersat.
D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer: „Déi puer Haiser, déi et do nach ginn, déi hunn eenzel hire Charme. Mä dat ass awer net en harmonescht urbanistescht Bild, wat een do esou ka maachen.“
Hei géif just eng Entwécklung weidergefouert, déi scho viru Joerzéngten ugefaangen huet. Fir déi Stater Buergermeeschtesch ass et awer problematesch, wann de Ministère sech aschalt nodeems d'Gemeng den Accord fir ofzerappe scho ginn huet.
„Mir hate méi wéi eng Kéier esou Situatiounen, datt reagéiert gëtt wann eng Autorisatioun eraus ass. Mä déi Autorisatiounen, déi eraus ginn, déi ginn eraus opgrond vun der rechtlecher Lag an do muss de Buergermeeschter déi ginn. Et ass extrem wichteg, datt mir an enger klorer Rechts-Situatioun sinn an och bleiwen.“
Op béide Plaze lafen d'Prozedure fir ofzerappen an nei ze baue schonn zanter Méint. Deels gouf bannen an den Haiser schonn e groussen Deel zerstéiert. De Stopp vun den Aarbechte loossen sech d'Proprietären deemno och net gefalen. Domat dierften elo zolidd Schuedenersatzfuerderungen op de Staat zoukommen.