CGDISBus op der A1 huet gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Nieft dräi Kollisiounen uechter d'Land stoung en Donneschdeg de Moien e Bus op der A1 beim Gaasperecher Kräiz a Brand.

E Mëttwoch géint 17.10 Auer koumen zu Koplescht an der Rue de Luxembourg zwee Autoen net laanschteneen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a gouf vun der Ambulanz vu Mamer versuergt. Och d’Pompjeeë vu Koplescht waren op der Plaz.

Géint 7 Auer en Donneschdeg de Moien hunn d’Pompjeeën aus der Stad a vun Hesper misse wéinst engem Bus ausrécken, deen op der A1 a Richtung Tréier a Brand gerode war. D’Ambulanz aus der Stad war op der Plaz, et gouf awer kee blesséiert.

Op der RN06 tëscht dem Tossebierg a Mamer huet et géint 8.26 Auer tëscht zwee Autoe geknuppt. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert a vun de Rettungsekippen aus der Stad a vu Mamer versuergt.

Zu Clausen am Clausener Bierg koumen en Donneschdeg de Moien zwee Automobiliste mat hirer Gefierer net laanschteneen. Och hei goufen et zwee Blesséierter. Am Asaz waren d’Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Stad.

Back to Top
CIM LOGO