Pompjeeën am AsazBus um Findel huet Feier gefaangen, Groussbrand am Tréierer Hafen

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS e Feier ëm kuerz no Mëtternuecht.
© Laurent Weber / RTL

An der Nuecht op en Dënschdeg sinn d’Bremse vun engem Bus um Findel iwwerhëtzt, deen doropshi Feier gefaangen huet. D’Pompjeeë vum Flughafe kruten d’Feier an de Grëff, ouni datt dobäi ee blesséiert gouf.

Zu Esch missten d’Secouristen wéinst engem Feier an enger Kichen ausrécken. Och hei gouf kee blesséiert.

E gréissere Brand gouf et e Méindeg den Owend dann och nach am däitsche Grenzgebitt am Hafen zu Tréier. An enger Hal niewent der Musel hate gutt 60 Meterkibb Metallschrott Feier gefaangen.

Wéinst der staarker Dampentwécklung, gouf d’Populatioun an der Ëmgéigend opgeruff bannen ze bleiwen an d’Fënsteren an d’Dieren zouzeloossen. D’Läschaarbechte vun den Tréierer Pompjeeën hu bis an d’Nuecht era gedauert.

En Dënschdeg géint 11.30 Auer ass zu Esch an der Rue Romain Fandel ee Motocyclist an en Auto gerannt. Et gouf eng Persoun blesséiert. De Samu war op der Plaz.

Weider Blesséierter gouf et am Nomëtteg op der B3 am Rond-point Gluck an zu Iechternach.

Back to Top
CIM LOGO