"Dëse Chauffeur fiert kee Bus méi!"Buschauffer bei Ëlwen kuckt Video iwwerem Fueren a gëtt suspendéiert

David Winter
Dass ee mat engem Smartphone um Steier eng Gefor fir sech selwer an déi aner am Trafic ass, misst mëttlerweil jidderengem bewosst sinn.

Ma wann e Chauffeur aus dem ëffentlechen Transport, deen Persounen transportéiert, esou eppes mécht, kéinte mol Leit dat matkréien an an dësem Fall och filmen.

Dass dat Ganzt och Konsequenzen huet, krut e Chauffeur vun enger Lëtzebuerger Busentreprise ze spieren.

VIDEO: Bus driver watching videos
Bus driver suspended for watching videos whilst driving.

Wat war geschitt?

Eng Persoun, déi an engem Bus an der Géigend vun Ëlwen souz, hat de Chauffeur dobäi erwëscht, wéi dësen e Film op sengem Smartphone gekuckt huet, dat wärenddeem de Mann gefuer ass a Passagéier am Bus hat. Well dëst schonn emol geschitt wier, wärenddeem den Zeien am Bus war, hätt hien de Buschauffer dobäi gefilmt.

Wéi de Proprietär vum Facebook-Video RTL géigeniwwer sot, hätt och seng Partnerin de selwechte Chauffeur schonn emol dobäi erwëscht, wéi dësen iwwerem Fueren um Handy eppes gekuckt huet.

Wéi de Video schonn op de sozialen Netzwierker zirkuléiert ass, huet sech och déi concernéiert Entreprise, "Autobus Stephany", bei där de Mann ugestallt ass, per

Communiqué

Back to Top
CIM LOGO