Epiceries socialesButteker bleiwen op an den Accès fir betraffe Leit erweidert

RTL Lëtzebuerg
D'Caritas an d'Rout Kräiz deele mat, datt d'Epiceries sociales an d'Butteker vun der Croix rouge weider op sinn.

Den Accès gëtt fir weider Leit opgemaach an zwar fir Persounen, déi an eng prekär Situatioun oder a finanziell Schwieregkeete gerode si wéinst dem Coronavirus.

Viséiert si Leit, déi nach beim Office social registréiert sinn an nach keng Aide alimentaire ze gutt hunn.

Do kann ee sech mellen

  • Corona-Helpline vu Caritas Lëtzebuerg: helpline@caritas.lu
  • Helpliner vum Lëtzebuerger Roude Kräiz um Telefonsnummer 2755 (vu méindes bis freides vu 7 bis 17 Auer) oder op info@croix-rouge.lu
  • um Office social an der Gemeng, wou ee wunnt

PDF: Schreiwes vum Roude Kräiz an der Caritas

Back to Top
CIM LOGO