Accident op der A1Camion involvéiert, riets Spuer war blockéiert

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass dësen Accident a Richtung Stad Lëtzebuerg. Wéi op de Biller ze gesinn ass, war e Camion am Coup an huet deels den Trafic blockéiert.
© Domingos Oliveira

Déi riets Spuer war duerch den accidentéierte Camion blockéiert, dat hat fir Stau op der A1 a Richtung Stad gesuergt. Den Accident ass mëttlerweil geraumt an de Verkéier rullt erëm.

Back to Top
CIM LOGO