
D’Ambulanz aus der Fiels, D’Pompjeeën aus der Nordstad a vun Angelduerf an den Helikopter vun der Air Rescue waren op der Plaz. D’Strooss ass aktuell fir den Trafic gespaart.
Schonn um 14.22 Auer hate sech um CR357 tëscht Bettenduerf an Eppelduerf zwee Autoen ze pake kritt, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen. D’Ambulanzen aus der Fiels a vun Iechternach grad ewéi d’Pompjeeë vu Bettenduerf waren am Asaz.
Géint 15.50 Auer krut dann eng Camionnette um CR108 tëscht Äischen a Stengefort e Bam ze paken. D’Ambulanz vu Mamer, d’Pompjeeë vun Habscht an de Samu aus der Stad waren op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.