D'Camionnette stoung op der Säit, fir e Chantier ofzesécheren. Éischten Informatiounen no huet e Camionschauffer d'Camionnette gesträift an ass dunn e Stéck weider vun der Strooss ofkomm, ass duerch d'Leitplank gerannt a quasi op der Kopp gelant. De Chauffer koum fir eng Kontroll an d'Spidol.
Déi riets Spuer war blockéiert an et goung just lues iwwert d'Iwwerhuelspuer laanscht. Kuerz no 16 Auer gouf d'Autobunn op där Plaz komplett gespaart, fir de Camion ze biergen.