2 Accidenter op der A6, déi mateneen zesummenhänkenCamionnette iwwerschléit sech, Auto verbrennt komplett

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie géint 7.30 Auer Auer gouf et en Accident op der A6 Richtung Arel, bei där eng Camionnette sech direkt e puer mol iwwerschloen huet.
© Domingos Oliveira / RTL

E Camionschauffer war op der A6 a Richtung Belsch stoe bliwwen, fir engem Autosfuerer, deem säin Auto gebrannt huet, seng Hëllef unzebidden. Aus bis elo nach ongekläerte Grënn, ass e Chauffeur mat senger Camionnette hanne géint de stationéierte Camion gerannt an huet sech dobäi iwwerschloen. D'Camionnette ass um Daach leie bliwwen an de schwéier blesséierte Chauffer huet mussen aus dem Gefier geschnidde ginn. D'Autobunn Richtung Belsch huet wärend den Opraumaarbechte musse komplett gespaart ginn. Eng Persoun koum an d'Spidol.

Op der Plaz waren d'Pompjeeën, de Samu an d'Ambulanz aus der Stad.

Accident op der A6 / Camionnette iwwerschléit sech
En Dënschdeg de Moie géint 7 Auer gouf et en Accident op der A6 Richtung Arel, bei där eng Camionnette sech direkt e puer mol iwwerschloen huet.

Kuerz virdru gouf et op der anerer Säit vun der Autobunn a Richtung Stad en Tëschefall, bei deem en Auto Feier gefaangen hat. D'Pompjeeë vu Mamer a Koler waren am Asaz, fir de Brand ze läschen.

Dëst war jo och de Grond, wisou de Camionschauffeur, deen um spéideren Accident involvéiert war, op der Säit stoe bliwwen war.

Back to Top
CIM LOGO