Erweidert parlamentaresch FroenCannabis an Héichwaasserschutz waren en Donneschdeg Thema an der Chamber

RTL Lëtzebuerg
Nom Debat iwwer den Etat de la nation en Donneschdeg de Moie goung et an der Chamber am Nomëtteg ënnert anerem ëm den Héichwaasserschutz an Cannabis.
© RTL-Archiv

Zanter 2018 ass den Traitement mat medezineschem Cannabis zu Lëtzebuerg unerkannt. Der CSV-Co-Fraktiounspresidentin Martine Hansen no gëtt et awer ëmmer rëm Problemer fir medezinesche Cannabis ze importéieren. Am Juni war et d’Annonce vun der Regierung, datt den Ubau hei am Land méiglech gemaach soll ginn.

Paulette Lenert zum medezinesche Cannabis

Virun dësem Hannergrond wollt d’Martine Hansen en Donneschdeg an enger erweiderter parlamentarescher Fro ënnert anerem wëssen, ob och CBD-Produiten aus Lëtzebuergeschem Ubau als medezinesche Cannabis agestuuft kéinte ginn. D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert ass iwwerdeems eng kloer Äntwert schëlleg bliwwen:

“Et gëtt keng Definitioun vu medezinesche Cannabis, déi universell géing gëllen. Dofir analyséiere mer wéi dat definéiert ass, iwwert wéi eng Krittären, fir och déi néideg Garantien ze ginn. Wann déi Definitioun an d’Krittäre bis stinn, ass all Produzent fräi wann en déi Oplagen erfëllt, dat dann och ze maachen.”

Et wier awer kloer, datt Lëtzebuergesch Produzente vis-à-vis vun auslänneschen net bevirdeelegt wäerte ginn, dat wier ee Prinzip vun der Rechtsstaatlechkeet. Am Moment géing een déi juristesch Modeller vun anere Länner analyséieren. Do géifen et deels Systemer mat Lizenzen awer och mat engem fräie Marché. Egal fir wéi ee Modell ee sech hei zu Lëtzebuerg entscheede wäert, dierft et awer nach eng Zäitchen dauere bis en applizéiert gëtt.

48 Gemenge wëlle Konzepter fir besseren Héichwaasserschutz ëmsetzen

D’DP-Deputéiert Carole Hartmann wollt mat Bléck op d’Joerhonnert-Héichwaasser vum Juli zejoert an enger erweiderter parlamentarescher Fro wëssen, wéi d’Gemenge bei der Preventioun géint Héichwaasser opgestallt sinn.

Joëlle Welfring zum Héichwaasserschutz

Déi gréng Ëmweltministesch Joëlle Welfring huet ënnerstrach, datt vum 14. op de 15. Juli zu Lëtzebuerg aussergewéinlech staark Nidderschléi erofkomm sinn. Si huet och Zuele ronderëm d’Fro geliwwert, wéi vill Gemenge bis elo een Héichwaasserkonzept ausgeschafft hunn a wat dat kascht huet.

“Et sinn 48 Gemengen, déi Kontakt mat der Administration de la gestion de l’eau opgeholl hunn, fir Héichwaasser- oder Staarkreenkonzepter ze realiséieren. Siwen dovu si komplett ofgeschloss, 27 sinn nach an der Elaboratioun a 14 an der Konzeptioun. Zu den Aiden, do goufe fir 91 Dossiere fir Mesuren, dat heescht Etüden a Projeten, 5,5 Milliounen Euro engagéiert.”

Bei konkrete Schutzmesurë rembourséiert de Staat bis zu 90 Prozent, bei Etüden a Renaturéierungsmesuren esouguer bis zu 100 Prozent. Privatleit kréie bei Investitiounen an den Héichwaasserschutz iwwer de Waasserfong een Zouschoss vu bis zu 75 Prozent, mat engem maximale Montant vun 20.000 Euro. Wat d’Renaturéierung vu Baachen a Flëss ugeet, si bis d’Joer 2027 landeswäit 86 Kilometer geplangt.

Back to Top
CIM LOGO