CargozenterCargolux-CEO: "Kee wäert seng Plaz verléieren" - Cargolux ass gutt opgestallt

RTL Lëtzebuerg
D'lescht Woch krut d'Cargolux-Duechtergesellschaft Luxcargo eng vun zwou Lizenze fir de Cargo-Handling um Findel accordéiert.
© RTL-Archiv

Cargocenter - De Reportage vum Michèle Sinner

De CEO vu Cargolux, de Richard Forson, rassuréiert, wat d’Kontrakter vun de Mataarbechter ugeet. An ass formell: “D’Rechter vum Personal sinn duerch d’Gesetz geschützt. Et wäert kee seng Aarbecht verléieren, well d’Cargolux vun der Luxair iwwerhëlt”. Effektiv reegelt d’Gesetz iwwert den Transfert d’entreprise, datt an esou engem Fall d’Mataarbechter mat hire Kontrakter iwwerholl ginn. Dofir seet de Richard Forson:

“Mir musse respektéieren, wat de Kollektivvertrag tëscht de Mataarbechter a Luxair seet. Dat heescht, si brauche sech keng Suergen ze maachen, dat iergendee seng Plaz wéinst dem Transfert verléiert. Et wäert Chrëschtdag keen ouni seng Aarbecht sinn.”Déi nei Entreprise soll d’Operatiounen am Cargocenter véier Méint no der Attributioun vun der Lizenz iwwerhuelen. Ma net all d’Acquise vum Personal stinn am Kollektivvertrag. Wéi de CEO vu Cargolux erkläert, geet et dobäi notamment ëm d’Recht op Fligertickete fir d’Personal. Vue datt Luxcargo keng Fluchgesellschaft wier seet: “Mir mussen eis ukucken, wat fir eng Solutioun mer do fannen. Et gëtt vläicht keng perfekt Solutioun, mee et wäert eng ginn. Mee ech sinn éierlech, ech weess net, ob se déi nämmlecht Virdeeler kréien, wéi virdrun.”

© RTL Archivbild

D’Cargolux ass selwer mat Ofstand dee beschte Client vum Cargocenter. Eng 75 bis 80 Prozent vum Cargo, deen um Findel ëmgeschloe gëtt, kennt iwwer d’Cargolux eran. Ma déi nei Lizenz erlaabt et Luxcargo, och déi aner Gesellschafte wéi, Qatar, China Airlines oder Silkway ze zerwéieren.

De Richard Forson fäert d’Konkurrenz vun deem zweeten Operateur, deen eng Lizenz gewonnen huet, déi griichesch Firma Goldair Handling op jiddwer Fall net.

“All Konkurrenz ass wëllkomm, well si hëlleft eis, méi effikass ze ginn.”

Wéi vill Cargolux der Luxair bezilt, fir d’Aktivitéite vum Cargo-Handling z’iwwerhuelen, dierft hien net soen, esou de Richard Forson. Ma et ass kloer, datt Cargolux an deenen nächste Joren nach mol muss laanscht d’Boxebee gräifen. Am Cargocenter wäert mussen eng dräistelleg Milliounenzomm investéiert ginn.

“D’Ëmfeld ass méi schwiereg, ma d’Cargolux ass besser opgestallt, wéi an der Vergaangenheet”

Dat seet de CEO vun der Loftfrachtgesellschaft Cargolux, de Richard Forson um Mikro vum Michèle Sinner.

Viru Chrëschtdag ass traditionell Haaptsaison fir d’Cargolux. Wéi gesäit et dëst Joer aus?

“Mir spieren d’Saison méi prononcéiert wéi d’lescht Joer. Mee si ass haaptsächlech duerch den internationalen E-Commerce gedriwwen”, esou de Richard Forson. D’lescht Joer hat d’Cargolux Rekordzuele geschriwwen. Iwwer fënnef Milliarden Dollar Ëmsaz an 1,6 Milliarden Dollar Benefice. Ma de CEO warnt:

“Déi Resultater kënne mer dëst Joer net maachen. Déi waren duerch spezifesch Situatioune bedéngt.”

Wärend der Covid-19-Pandemie konnt d’Cargolux dovu profitéieren, datt d’Passagéierflich annuléiert waren, déi an hirem Bauch vill Cargo transportéieren.

“Am Laf vun dësem Joer huet sech d’Situatioun normaliséiert a mir gesinn, datt nees vill méi där Bauch-Kapazitéit um Marché ass. Dat heescht, elo ass d’Kapazitéit um Marché méi grouss, ewéi d’Demande.”

Fir Cargolux bedeit dat, datt d’Präisser net méi wäerten esou gutt sinn. De Richard Forson kuckt virsiichteg an d’Zukunft, dat wéinst der geopolitescher Situatioun, mee och wéinst dem niddrege Vertraue vun de Konsumenten, hirer Verschëldung an den USA an Europa, ma och den héijen Zënsen. Dofir seet hien: Et kéint eng erausfuerderend Zäit op de Secteur duerkommen. Mee finanziell ass d’Cargolux vill besser preparéiert wéi an der Vergaangenheet.”

Senger perséinlecher Aschätzung no géifen déi nächst dräi bis véier Joer net esou einfach. Mee dat haaptsächlech fir d’Konkurrenz, déi sech wärend der Pandemie lancéiert huet, wéi d’Passagéierflich annuléiert waren.

Back to Top
CIM LOGO