Ëffentlech GesondheetCargolux transportéiert an Zukunft verschidden Zorte Vapes net méi

RTL Lëtzebuerg
Dat sinn elektronesch Zigaretten, déi een net kann opfëllen an déi no 100-500 Zich, jee no Gréisst, verbraucht sinn.
© AFP

Dës Mesure hëlt d’Cargo-Airline, well ee géing gesinn, dass dës Zigarette schiedlech Auswierkungen hätten op d’ëffentlech Gesondheet an och op d’Ëmwelt. Besonnesch jonk Leit géinge geziilt mat Aromae gelackelt ginn, fir dës Zigaretten ze consomméieren. Donieft si Lithium-Batterien an den Zigaretten, déi net recyclabel sinn an eng grouss Belaaschtung si fir d’Ëmwelt. Eng Rei Länner hätten d’Vapes op hirem Territoire scho verbueden a wéi gesot dann och elo op alle Flich vun der Cargolux.

PDF: Schreiwes vun der Cargolux

Back to Top
CIM LOGO