Invité vun der Redaktioun (18. Juni)Carole Dieschbourg

RTL Lëtzebuerg
Invitée vun der Redaktioun e Méindeg de Moie war d'Ëmweltministesch.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Carole Dieschbourg
Invitée vun der Redaktioun e Méindeg de Moie war d'Ëmweltministesch.

Wie war schold un den Iwwerschwemmungskatastrophen déi lescht Wochen? Dat wollte mer um Méindeg de Moie mat der grénger Ëmweltministesch Carole Dieschbourg diskutéieren.

D'Ministesch huet bei eis am Studio vun enger extremer Wiedersituatioun geschwat, an datt ee misst leider de Constat maachen, dass vill Reen an Drécheperioden ëmmer méi dacks virkommen. Ënnert anerem de Klima-Aktiounsplang soll hëllefe mat den aktuelle Situatiounen eens ze ginn. Donieft gouf eng nei Strategie op de Dësch geluecht fir 13 Secteuren: wéi baue mer, wéi wunne mer, wéi ginn d'Uertschaften entwéckelt? D'Waasser misst a sollt seng Plaz kréien, sou d'Carole Dieschbourg.

No der Katastrophe am Ärenzdall gouf eng nei Risiko-Strategie ausgeschafft. Sou eng Strategie soll och fir d'ganzt Land kommen, sot d'Ëmweltministesch. Déi géif vernetzt gi mat der Héichwaasser-Strategie déi et scho gëtt, fir de Leit maximal Sécherheet ze ginn, sou d'Ministesch.

Am Mëllerdall mussen elo wéinst dem Waasser 14 Kilometer Bëschweeër bal ganz frësch gemaach ginn. Et sinn och genee sou vill Spadséierweeër betraff. Donieft goufen och 60 Brécken beschiedegt. Dëse Mëttwoch ass um 18 Auer an der Heringer Millen an deem Sënn eng ëffentlech Reunioun, wou souwuel d'Ëmweltministesch an den Nohaltegkeetsminister Detailer wäerte nennen.

Invitée vun der Redaktioun e Méindeg de Moie war d'Ëmweltministesch.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO