
Eng Enquête iwwer d'Consommatioun vu Waasser aus dem Reseau huet erginn, dass de Pourcentage vu Residenten, déi all Dag Krunnewaasser drénken, sech bannent 15 Joer verduebelt huet. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet et sech net huele gelooss, déi positiv Resultater virum Weekend op enger digitaler Pressekonferenz ze presentéieren.
E gutt Glas Krunnewaasser géint den Duuscht. 2006 hunn net vill Awunner dat gemaach. Bei enger Enquête am Optrag vun der Associatioun fir d'Waasserversuergung Aluseau am Joer 2006 war ervirgaangen, dass just 40 Prozent vun de befrote Residente Krunnewaasser gedronk hunn, dovu just 28 Prozent all Dag. Eng Enquête, déi TNS-Illres zejoert fir den Ëmweltministère gemaach huet, weist, dass dëse Pourcentage sech antëscht verduebelt huet.
D'Ministesch Carole Dieschbourg: "82 Prozent vun de Leit ginn un, dass si reegelméisseg Krunnewaasser drénken. Dovun drénken 58 Prozent es wierklech all Dag. Dat ass eng phenomenal Entwécklung."
D'Carole Dieschbourg klappt sech selwer op d'Schëller, mä och de Gemengen. Eng sëllege Campagnen, fir d'Krunnewaasser ze promouvéieren déi lescht Joren, hätten hir Friichte gedroen. A wat beweegt d'Verbraucher dozou, d'Krunnewaasser ze drénken? Och dës Fro kruten déi ronn 1.000 Befrote gestallt. Mat 78 Prozent steet hei d'Begrënnung, d'Krunnewaasser wär nohalteg an ëmweltfrëndlech, op der éischter Plaz. Anerer ginn ekonomesch Grënn un.
Fir d'Hallschent vun de befrote Residenten ass d'Krunnewaasser och méi praktesch, ëmmerhi muss ee keng Fläsche schleefen. Enger grousser Majoritéit schmaacht d'Krunnewaasser och gutt. D'Qualitéit ass just fir 47 Prozent e Grond, firwat si Krunnewaasser drénken. A déi Befroten, déi beim Leitungswaasser eppes Schlechtes fannen, benotzen och d'Begrëffer "Kallek, Javel, Chlore oder Pestiziden". Déi Associatioune brauch een dem Direkter vum Waasserwirtschaftsamt Jean-Paul Lickes no sécher net ze maachen. Zejoert wäre 4.400 Kontrolle gemaach ginn.
"Drénkwaasser ass bei Wäitem dat am meeschte kontrolléiert Liewensmëttel. Wann een dat héichrechent, sinn dat ronn 30 Kontrollen den Dag."
Meeschtens sinn et Routineskontrollen, bei deenen d'Waasser virop op Bakterien a chemesch Substanzen ënnersicht gëtt. Et ginn awer och komplett Kontrollen, sou de Jean-Paul Lickes.
"Do gëtt da wierklech déi Test-Batterie erausgefuer. Do ginn dann och alleguer d'Pestiziden an d'Schwéiermetaller gekuckt. Och d'Radioaktivitéit gëtt gepréift."
Geschwë géif och en neit Gesetz iwwer d'Drénkwaasser presentéiert ginn. Domat soll eng nei EU-Direktiv ëmgesat ginn, déi nach méi Exigenz a Saache Qualitéit fuerdert.
Am Alldag fält et engem net op, ma et si grouss Infrastrukturen néideg, déi d'Waasser an d'Stéit liwweren. Hei e puer Zuelen: 270 Quellen, 40 Buerungen, dann 100 Pompelstatiounen, 350 Behälter a 50 Waassertierm. 4.600 Kilometer Leitungen an um Schluss vum Reseau 180.000 Uschlëss. An domat ass net Schluss.
D'Populatioun wiisst. An d'Infrastrukture mussen och.
Den Direkter vum Waassersyndikat Esch-Sauer Georges Kraus huet am Kader vun dëser Presentatioun annoncéiert, dass um Stau eng nei Anlag fir d'Opbereedung vum Waasser geplangt ass.
"Den éischten Deel dovu wäert och warscheinlech am Oktober a Betrib geholl ginn. Deen zweeten eréischt 2022. Esou kréie mir zu Esch-Sauer 50 Prozent méi Kapazitéiten. Domat kënne mir e gudden Deel vum Wuesstem ofdecken. Mir hätten natierlech awer gären, dass mir Waasser spueren."
Et wär zwar positiv, dass d'Awunnerinnen an Awunner d'Waasser aus der Leitung gär consomméieren a benotzen. Mä et ass keng onlimitéiert Ressource. D'Residente sollen dofir och raisonnabel mam Leitungswaasser ëmgoen, seet d'Ministesch, an oppassen:
"dass een am Alldag kee Waasser verschwent. Dat gëllt och bei industrielle Prozesser. An och fir aner Acteuren. Déi Strategie wäert wierklech all d'Beräicher betruechten."
D'Regierung wär nämlech am Gaangen un enger Strategie ze schaffen, wéi een d'Bëtz vum wäertvolle Waasser evitéieren oder op d'mannst reduzéiere kann.
Op de Goût komm: Ëmmer méi Residentë consomméiere Krunnewaasser