
Zanter Jore gëtt et eng illegal Drecksdeponie zu Déifferdeng. ArcelorMittal géif um Crassier zu Déifferdeng geféierlech Industrie-Offäll entsuergen, ouni déi néideg Autorisatiounen ze hunn. D’Plattform reporter.lu hat dëst jo gemellt, an dës Nouvelle kritt och lo politesch Suitten.
D’nächst Woch kënnt d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an d’zoustänneg Chamberkommissioun, fir den Deputéierten Ried an Äntwert ze stoen.
An der Online-Press hat et geheescht, d’net-geneemegt Decharge wär en Ëmweltskandal, eng Praxis, déi vun de staatleche Verwaltungen zanter Jore géif toleréiert ginn.
Heizou muss d’Carole Dieschbourg da Positioun bezéien. Dat gëllt och fir eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierte Gusty Graas, deen ënner anerem och no de Konsequenze freet, déi dësen Ëmweltskandal géif mat sech zéien.