Fräiwëlleg OptiounCarte d'identité zu Lëtzebuerg geschwënn och digital disponibel

RTL Lëtzebuerg
Aktuell lafen d'Aarbechten um sougenannten numeresche Portefeuille, engem e-wallet.
© AFP Archivbild

An anere Wierder eis Carte d’identité gëtt et geschwënn digital. Dat huet d’Digitaliséierungsministesch Stéphanie Obertin en Dënschdeg den Deputéierten aus den zoustännege Chamberkommissiounen erkläert.

Et soll um Enn eng gratis Funktioun ginn, déi fräiwëlleg ass, an natierlech mat engem gréissere staatleche Sécherheetsfunktionnement verbonnen ass.

Et wier als eng Zort Iwwergangsléisung ze gesinn, en vue vun engem eenheetlechen EU-Portefeuille, un deem och géif geschafft ginn.

En Datum, wéini dat Ganzt soll disponibel sinn, gëtt et nach net.

Back to Top
CIM LOGO