
An hirem Avis zum Gesetzprojet betount d’CCDH awer, datt dës Mesurë musse proportionéiert sinn a se bedauert, datt de Gruef tëscht geimpften an net-geimpfte Leit méi grouss gëtt. An hiren Ae misst dowéinst d’Informatioun an d’Kommunikatioun u jidderee verbessert ginn an et misst méi géint d’Verbreede vu falschen Informatiounen ënnerholl ginn. D’Mënscherechtskommissioun bedauert, datt eng Minoritéit d’verständlech Suerge vu verschidde Leit géing instrumentaliséieren. D’Autoritéiten hätte prioritär missen op déi Suergen agoen.
Donieft recommandéiert d’CCDH, datt d’Regierung sech méi engagéiert, fir en equitabelen Zougank zum Vaccin weltwäit ze ënnerstëtzen.