Vegetatiounsbrand zu BuerschentCGDIS erënnert u Risk vu Bränn wéinst aktueller Dréchent

RTL Lëtzebuerg
Och zu Lëtzebuerg kënnt et duerch d'Dréchent an déi héich Temperaturen zu ëmmer méi Vegetatiouns- oder Bëschbränn, sou wéi en Dënschdeg zu Buerschent.

Wéi de CGDIS op Facebook schreift, wieren d’Pompjeeë wéinst engem gréissere Vegetatiounsbrand zu Buerschent geruff ginn. Eng 30 fräiwëlleg an haaptberufflech Pompjeeë konnten d’Feier bannent ronn enger Stonn läschen an d’Ausbreeden op en Haus a landwirtschaftlech Maschinne verhënneren.

Den 112 erënnert an deem Kontext un d’Preventiounsmesuren an erkläert op hirem Site wéi een esou Bränn evitéiere kann. Esou solle Privatpersounen ënnert anerem keng Zigaretten an d’Natur geheien a keen oppent Feier am Fräie maachen. Bauere sollen ëmmer e Feierläscher dobäi hunn an hir Maschinnen op technesch Problemer iwwerpréiwen.

Am Fall vun engem Brand soll een dësen esou séier wéi méiglech dem 112 mellen.

Back to Top
CIM LOGO