
De Weekend war net nëmme vu massivem Stau, mä och vun extremen Temperaturen dominéiert, wat e Samschdeg dozou gefouert huet, dass en Partie Leit, déi am Stau op der A1 an hirem waarmen Auto souzen, deels gesondheetlech Problemer kritt hunn. Den 112 gouf dann och direkt e puer mol e Samschdeg geruff. Doropshin huet de CGDIS, zesumme mat der Administratioun vun de Ponts et Chaussées, Waasser un d'Automobilisten an de Chauffeuren an de Camione verdeelt.
Och e Sonndeg si preventiv 2 Motarde vum CIS Réimech an d'Pompjeeë vum CIS Hesper am Stand-By, fir kënne Waasser ze verdeelen.
De CGDIS erënnert nach eemol dorunner, dass ee genuch ze drénke soll am Auto dobäi hunn, och wann een nëmme kuerz Strecke fiert.
