Krich am Noen OstenChamber gesäit Schold op béide Säiten

Marc Hoscheid
Op Demande vun der politescher Sensibilitéit Déi Lénk gouf et en Dënschdeg an der Chamber eng Aktualitéitsstonn zum Konflikt am Noen Osten.
© AFP Archivbild

Um Enn war ee sech iwwert d’Parteigrenzen ewech doriwwer eens, datt esouwuel d’Attacke vun der Hamas op Israel wéi och zivil palästinensesch Affer duerch Mesurë vun der israeelescher Arméi ze condamnéiere sinn.

Aktualitéitsstonn an der Chamber: Parlament fir Fridden am Noen Osten

“Et ass net Usus, mee ech wollt Iech just Merci soen. Dir weist Grandeur als Chamber, datt mer et fäerdeg bréngen, eng Unanimitéit ze hu bei dëser Fro. Ech wollt Iech just als Regierungsmember Merci soen! D’Chamber huet ëmmer gär, wa se Merci gesot kritt.”

Den Ausseminister Xavier Bettel war nawell zimmlech erliichtert, nodeems eng Motioun vum DP-Deputéierte Gusty Graas am Numm vun der CSV-DP-Majoritéit vum ganze Parlament ugeholl gi war. An de Chamberpresident Claude Wiseler huet sech wuel esou iwwert dat ongewéinlecht Luef gefreet, datt en de Xavier Bettel spéider mat Premierminister ugeschwat huet, dat war virdrun allerdéngs och schonn der Grénger Deputéierter Sam Tanson geschitt. Ma fir de Rescht war den Deputéierte wéinst der schlëmmer Situatioun am Noen Osten awer net fir ze laachen. Sou huet den David Wagner vun Déi Lénk beispillsweis net mat Kritik un Israel gespuert.

“Fir déi, déi net ënnert de Bomme stierwen, suergt de Staat Israel dofir, d’Gazasträif onliewbar ze maachen, andeems Schoulen, Spideeler, Drénkwaasser, Liewensmëttel, Medikamenter an all liewenswichteg Strukturen zerstéiert ginn. Déi israeelesch Regierung erkläert, dat wier alles wichteg, fir d’Hamas ze zerstéieren. Mee et gëtt vun Dag zu Dag méi kloer, datt de Krich géint d’Hamas zum Virwand geholl gëtt, fir Palästinenser aus Gaza ze verdreiwen.”

De Fernand Kartheiser vun der ADR huet sengersäits gemengt, datt et fir ee Fridden och Ustrengunge vun der palästinensescher Säit bräicht.

“Mir brauche politesch Léisunge fir d’Zukunft vun der Regioun a speziell vun de Palästinenser. Dorënner och eng palästinensesch Autoritéit fir d’Westjordanland a fir Gaza, déi d’Existenzrecht vun Israel unerkennt. Esou gëtt et méiglech, zu Verhandlungen ze kommen, déi déi Zwee-Staate-Léisung an unerkannten a séchere Grenze fir jidderee méiglech maachen.”

Kritik gouf et iwwerdeems direkt vun e puer Säiten um Premierminister Luc Frieden, dat wéinst senger Ausso am RTL-Neijoerschinterview, hie géing sech verbidden ze jugéieren, wéini Israel mat sengen Interventiounen ophale muss.

Back to Top
CIM LOGO