
D'Conclusioun, datt net alles perfekt gelaf ass, zitt de Gros vun der Oppositioun no enger Conférence des Présidents, an där d'Chamber kuerz virun der offizieller Pressekonferenz op de leschte Stand gesat gouf. D'Reunioun um Krautmaart war "à huis clos". Vill Detailer koumen also net no baussen.
Do stellt sech d'Fro, wéi vill Informatiounen et iwwerhaapt gëtt:
"Wat fir eng Dronen? Wësse mer net. Wéi vill Dronen? Wësse mer net. Vu wou kommen d'Dronen? Firwat waren déi Dronen do? Wësse mer net", mengt den ADR-Fraktiounschef Fred Keup.
Informatioun hunn oder net hunn ass dat eent, no baussen Informatioune matdeelen dat anert. Eng kohärent Kommunikatioun vun den Autoritéite gesäit op alle Fall anescht aus, kritiséiert d'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding:
"An do hëlleft net, wa mer en Arméischef hunn, dee seet, d'Leit brauche sech keng Suergen ze maachen, warscheinlech ass d'Intentioun och fir Onrou ze stëften. Dann hu mer awer en HCPN, dee jo hei am Lead ass, dee komplett mauert, dee guer keng Informatiounen dozou gëtt."
Allerdéngs wier an hiren Ae scho richteg vun den Autoritéite gehandelt ginn, ma d'Fro géing sech awer generell stellen, ob Lëtzebuerg op esou Menacë preparéiert ass.
D'Deputéiert vun Déi Gréng, Sam Tanson, stellt sech an deem Kontext Froe beim Sujet kritesch Infrastrukturen:
"Well do awer zimmlech vill d'Responsabilitéit op déi Infrastrukture geluecht gëtt a gesot gëtt, si solle kucken, déi Drone kënne gegeebenenfalls ze detektéieren, gegeebenenfalls ze kucken, wat den Impakt vun Dronen op déi Infrastrukturen ass."
Den Deputéierte vun Déi Lénk, Marc Baum, mécht sech generell Gedanken ëm d'Lëtzebuerger Capacitéiten, fir Geforen ofzewieren:
"Firwat e Premier, deen esou prominent mat enger Resilienzstrategie un d'Ëffentlechkeet getrueden ass, e puer Méint drop sech där selwechter Ëffentlechkeet stelle muss an ee feststellt, mee esou resilient ass eist Land am Fong ganz a guer net."
Wat konkret d'Dronen ugeet, ass Lëtzebuerg amgaangen, Ofwier-Mechanismen en place setzen a wëll och éischter ewéi geplangt entspriechend Material kafen, heescht et vun der Regierung.
Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum seet, datt ee sech misst ëmstellen an dat och elo géing maachen:
"Et ass eppes, wou mer eis musse vläicht an Zukunft drop astellen, dass dat do wäert méi oft geschéien an dofir eis Dispositiver verstäerken, fir an där doter Matière méi resilient ze ginn. D'Police ass mat hirer Aarbecht amgaangen an ech mengen et muss een och d'Police hir Aarbecht maache loossen."
Den CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet gesäit dat änlech a verweist drop, datt eng aktiv Interventioun hätt kënnen zum Risiko ginn.
"D'Dron, déi een erof hëlt, déi wäert iergendwou hifalen an dann - mir schwätze jo hei net vu klenge Spilldronen, déi een am Privaten huet, mee vu gréisseren Dronen - a wann déi eroffält, da wäert dat och deemno wou se hifält zu engem Schued féieren."
De Laurent Zeimet wëll d'Kritik vun der schlechter Kommunikatioun iwwregens net gëlle loossen. Dës wier der Situatioun ugepasst gewiescht.