
De Ressortminister Claude Turmes war an der Chamber fir säi Plang virzestellen, deen de Regierungsrot déi lescht Woch ugeholl huet. Kritik gouf et weider keng. An der Kommissiounssëtzung hätten d’Memberen e puer technesch Froe gehat, sot de Minister, an och no der Sëtzung goufen et bal keng kritesch Téin. De Paul Galles vun der CSV huet ënnerstrach, datt ee ganz zefridde wier, datt et e Plang gëtt. “Dat heescht, wou och Reegelen dra sinn, wou et Prioritéite gëtt a wou Niveauen ënnerscheet ginn. Dat ass ganz gutt, well dann huet ee Prozeduren, un déi ee sech kann halen. Dann ass et net einfach nëmme roden, wien als nächst muss dru gleewen, mä dann huet ee ganz genee Prozeduren. Wat eis wichteg war, ass, datt et fair ass. Dat heescht, datt ee bei den Urgencë scho kuckt, wat méi wichteg ass, wat méi wesentlech ass an datt een och kuckt, datt déi Clienten, déi wierklech Gas an Elektrizitéit brauchen, datt déi als lescht géifen ofgespaart ginn.”
Och d’ADR begréisst de Gas-Noutfallplang, mä an den Ae vum Fred Keup ass nach alles relativ theoretesch, wéi hie seet. “An der Praxis stelle sech bis elo nach eng ganz Rei Froen. Zum Beispill wéi kontrolléiert gëtt, wéi de Gas verbraucht gëtt? Wéi kann een de Leit eventuell de Gas ofspären oder den Entreprisen, respektiv musse se sech selwer drëms këmmeren a wa se dat net maachen, wéi gesinn do eventuell Strofen aus? Dat ass jo dann déi lescht Konsequenz, déi dat Ganzt kéint hunn, wann effektiv bal kee Gas méi do wier an do wësse mer elo nach net genee, wat ob eis duer wäert kommen.”
Mir hoffen, datt deen Noutfallplang ni gebraucht gëtt, seet den CSV-Deputéierte Paul Galles an erënnert anengems drun, datt jidderee muss hëllefen, ze spueren, fir datt et net zum Eeschtfall kënnt.