Defence, Security and Resilience BankFinanziel Bedeelegung un neier Defense-Bank gëtt nach examinéiert

François Aulner
Et wier nach ze fréi, fir Detailer ze ginn, well et nach keen definitiven Accord gëtt, fir d’Bank an d’Liewen ze ruffen.
En F-35-Kampfjet vun den USA bei engem Militärexercice vu Polen an der Nato.
En F-35-Kampfjet vun den USA bei engem Militärexercice vu Polen an der Nato.
© WOJTEK RADWANSKI/AFP

Déi finanziell Bedeelegung vu Lëtzebuerg bei enger neier "Defence, Security and Resilience Bank" gëtt nach aktuell examinéiert. Et ass nach ze fréi, fir Detailer ze ginn, well et nach keen definitiven Accord gëtt, fir d’Bank an d’Liewen ze ruffen. Dat huet de Finanzminister Gilles Roth e Méindeg op eng parlamentaresch Fro vun der grénger Deputéiert Sam Tanson geäntwert.

De Premier Luc Frieden hat d'Iddi vun där neier Bank a senger Ried zur Lag vun der Natioun Mëtt Mee fir d’éischte Kéier erwäänt. Et wier eng Propos vu Lëtzebuerg a Kanada. Um NATO-Sommet vun Ankara de 7. Juli hu 7 weider EU- an net-EU-Länner, dorënner d’Ukrain matgedeelt, déi Bank wëlle matzegrënnen. Et gouf wéi gesot nach keen Accord ënnerschriwwen a weider Länner kéinten nach bäitrieden, esou de Gilles Roth.

Hie verséchert dem Sam Tanson, datt déi nei DSRB-Bank keng Konkurrenz fir d’europäesch Investitiounsbank wier, mee eng Plus-value fir geziilt - do, wou se nach feelen - weider finanziell Moyenen ze fannen. Den Triple A Rating vum Grand-Duché wier och net engagéiert, well d’DSRB-Bank eng eegen Institutioun mat enger eegener Gouvernance géing ginn. Se géing natierlech op zolitte Reegele baséieren.

Back to Top
CIM LOGO