Vu Mee bis JuliAuto vu Google Street View war nees zu Lëtzebuerg ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Bannent deene leschten dräi Méint ass den Auto vu Google Street View nees duerch eng Rei Uertschaften zu Lëtzebuerg gefuer, fir nei Biller ze sammelen.
Auto vu Google Street View (Archiv)

Engem opmierksamen RTL-Lieser war opgefall, datt an deene leschte Wochen a Méint nees den Auto vu Google Street View op de Stroossen am Grand-Duché ënnerwee war. Op RTL-Nofro hin huet den US-Konzern dëst och confirméiert.

Wéi och um Site vu Google Street View ze liesen ass, war de mat Kameraen equipéierten Auto vum Mee u bis Juli an der Stad, zu Dikrech, Clierf, Réiden, Iechternach, Esch-Uelzecht, Capellen, Gréiwemaacher, Réimech, Miersch, Veianen an zu Wolz ënnerwee. Sou een Asaz wier ëmmer iwwert eng gréisser Zäitspann geplangt, well d'Opname just ënner bestëmmte Wiederkonditioune gemaach ginn an et och wéinst Baustellen ëmmer nees zu Plangännerunge komme kann.

Wou genee den Auto zu wéi enger Auerzäit ënnerwee ass, deelt Google aus Sécherheetsgrënn awer net mat.

Back to Top
CIM LOGO