Um Dënschdeg huet d'Gemeng Habscht hir Bierger iwwer e Facebook-Post iwwer eng méiglech Waasserfuite informéiert an opgeruff d'Waasser-Compteuren ze kontrolléieren.
Um Mëttwochmoien hu mir bei der Gemeng no Detailer gefrot a gesot kritt, dass ee Bierger sech no dësem Opruff gemellt huet an een nach net wéisst, op wat de méi héije Waasserverbrauch zeréck ze féieren ass.
Op Nofro krute mir vun der Gemeng erkläert, dass zanter zwou Wochen owes an der dach klenger Gemeng 6 m3/h Waasser verbraucht ginn. Normalerweis wier een do bei 0 m3/h.
Dëst kéint virop eng Repercussioun op de Baseng, deen ëmmer méi eidel géif ginn, hunn. Am spéide Mëttwochmoien huet eng Ekipp vum Waassersyndikat-SES eng Fuite fonnt. Hei wiere 40 Liter pro Minutt aus der Leitung verluer gaangen. Vun der Plaz heescht et, dass méiglecherweis nach weider Fuitten um Territoire vun der Gemeng wieren.
Déi, déi e Mëttwoch de Moie fonnt gouf, soll am Laf vum Mëtteg gefléckt ginn.