Liewen an Dignitéit fir KannerChamberkommissioun: Leit geziilt méi hëllefen, fir Aiden unzefroen

Diana Hoffmann
Dat ass d'Konklusioun, déi vill Politiker an der Familljekommissioun vun der Chamber zéien, nodeem si de Statec-Rapport presentéiert kruten.

Wei vill Sue brauchen Elteren, fir hire Kanner e Liewen an Dignitéit zu Lëtzebuerg ze erméiglechen? A ginn déi sozial Transferte vum Staat duer? Dat waren d’Froen, op déi de Statec sollt an enger Etüd Äntwerte fannen. Dës Etüd gouf e Méindeg de Moien den Deputéierten an der Familljekommissioun an der Chamber presentéiert.

De Constat vum Rapport war, datt bei klenge Kanner, d’Käschte mat sozialen Transferte gedeckt sinn, wann dann d’Leit, déi drop ugewise sinn, vun den Hëllefe profitéieren. Ze dacks géingen dës si awer net erreechen, hunn direkt e puer Deputéiert kritiséiert. Ënner anerem den LSAP-Politiker Mars Di Bartolomeo. Et ass eng grouss Prioritéit, datt mer eis ëm déi Leit këmmeren, déi Aiden zegutt hunn a se net kréien oder net beusprochen. Do gëtt et Handlungsbedarf a mer musse kucken, wat d’Ursaache sinn.

Manner positiv ass dann de Bilan fir Jugendlecher vun 12 Joer un, wéi de President vun der Familljekommissioun den DP-Deputéierte Max Hahn ënnersträicht. Et gesäit een, datt et nach e Gain gëtt bei familles monoparentaux, déi Kanner hunn, déi méi al sinn. Dat heescht, vun 12 Joer un. Do huet d’Ministesch an d’Ronn gehäit, fir villäicht eppes ze maachen, a Richtung Kredit, déi een da kritt, fir Kanner iwwer 12 Joer.

Wann een eng Steierreform géing ugoen, kéint dat dann do seng Plaz fannen, sou de Politiker.

Fir d’Grondbesoine vun engem jonke Mënsch ze decken, gouf an der Etüd e Budget de référence festgeluecht. An dësem si Besoine wéi Führerschäin, Laptop an Handy festgehalen. Datt de Montant bei Mindestlounempfänger, déi Monoparentaux sinn, oder méi Kanner hunn, net duer geet, wier bekannt, ënnersträicht déi gréng Deputéiert Djuna Bernard. An dat seet eis als Politiker, wou mer mussen usetzen an d’Schrauwen dréinen. Do ass zum Beispill e Credit monoparentaux, dee mer elo mam nächste Budget hiewen, déi richteg Äntwert op dee Constat.

Den CSV-Oppositiounspolitiker Marc Spautz weist drop hin, datt missten nei Weeër fonnt ginn. Och hie seet, et misst méi geziilt de Leit gehollef ginn, d’Aiden unzefroen. Deene Leit muss vill méi spezifesch gehollef ginn. A virun allem deene Jugendleche vun 12 Joer un, wou méi Besoin do ass, do muss een eppes maachen. Mä et ass elo nach ze fréi, fir déi politesch Conclusiounen ze zéien.

D’Etüd wier eng gutt Basis, op där muss gekuckt ginn, wou déi politesch Akzenter misste gesat ginn.

RTL-News: Statec-Rapport: “D’sozial Kohäsioun ass ënner Drock”

Back to Top
CIM LOGO