BudgetChambre de Commerce gesäit "optimistesch" Wuesstemszuelen

RTL Lëtzebuerg
Vill Guddes géif am Budgetsrapport stoen, seet d'Chambre de Commerce, ma a verschiddene Beräicher wier d'Regierung ze optimistesch.

Si mer fir Iwwerraschunge geriicht? Hu mer genuch Sécherheetspolster.  Am Moment wier d'Situatioun nach gutt, ma de Budget géing op Wuesstemsprevisioune foussen, déi vläicht ze optimistesch sinn, mengt d'Handelskammer.
Den Direkter Carlo Thelen fënnt awer och vill Positives am Budgetsprojet: "Sief et d'Digitalisatioun, sief et de Wëlle fir d'Ekonomie fir weider ze diversifizéieren, sief et awer och déi Efforten déi ugekënnegt si beim Logement."

Natierlech ginn och den Excedent am Zentralstaat an de positive Solde bei der Administration publique zejoert begréisst.
D'Betriber hätten hiert derzou bäigedroen. Nei Mesurë fir d'Betriber ze entlaaschte ginn dann och begréisst.

“Ce que le Budget ne vous dit pas” war d'Pressekonferenz iwwerschriwwen. Beim Bléck an d'Zukunft hätt d'Chambre de Commerce sech méi Virsiicht gewënscht, zemools am pluriannuelle Budget. 3,8% Wuesstem am Joer 2020, do huet de Carlo Thelen sou seng Zweiwelen: "Mir froen eis wou déi Acceleratioun soll hier kommen. Mir mengen, datt d'Auteure vum Projet bësse vill optimistesch waren. Déi hunn dat mengen ech geschriwwen an enger Period, wou mer nach bësse méi euphoresch waren".

Allgemeng géing et méi lues dréinen, och wann eng Kris net imminent wier. Nawell sollten d'Risken net ënnerschat ginn, Riske vu baussen a vu bannen: "Finanzement vum Chômage fir Non-Residenten, wéi ass et mam Budget fir d'EU nom Brexit?do sinn nach ganz vill Fragezeichen. Och d'Gratuitéit vun der Kannerbetreiung. Dat si verschidden Elementer déi den Ament nach net richteg an de Budgetszuele mat dra sinn"
 
Da fält der Chambre de commerce op, datt déi ëffentlech Depensë kéinten ënnerschat ginn: "Datt de Gesamtposte vun der Fonction publique mat der demografesch Entwécklung wiisst an do muss een och kucken, ob dat realistesch ass, fir souvill Leit ze fannen, déi do astinn am Budget"

Wéi d‘Pensioune mëttel- a laangfristeg solle finanzéiert ginn, do géing sech am Budget keng Gedanke gemaach ginn, bedauert d'Handelskammer: "Da gesäit ee schonn, datt déi Risike vill méi no bei eis leie wéi ka gemengt ginn an ech menge schonn, datt een déi Sujete lo sollt uschwätzen an net op déi laang Bänk drécken, well dat riskéiert herno vill méi brutal ze ginn a méi wéi ze doen, wéi wann ee lo u kleng Schrauwen dréie geet"

Bei de Recommandatioune gëtt ënner anerem méi Marge de manoeuvre beim Budget verlaangt, donieft soll verstäerkt un enger ekonomescher Neiausriichtung geschafft ginn.

Handelskammer iwwert de Budget - Reportage Pit Everling

Back to Top
CIM LOGO