
Op Säite vum Patronat stellt e weideren Acteur d'Fro vun engem ze optimistesche Budgetsprojet.
Fir d'Handwierkerkummer misst onbedéngt mat der néideger Virsiicht an d'Zukunft gekuckt ginn: d'Staatsfinanze géingen 2019 méi schlecht ginn, et géinge konjunkturell a strukturell Riske ginn an de soziale Budget géing staark evoluéieren. D'Chambre des métiers ass also éischter skeptesch.
Woubäi déi Responsabel net just Negatives fannen, notamment, wann op d'Finanze vun 2018 zeréckgekuckt gëtt.
Fir d'éischt zënter 10 Joer gouf et beim Zentralstaat en Excedent, dofir gëtt et Luef. De Grond heifir wier virun allem d'Konjunktur. Recettë goufen iwwerdeems ënnerschat. D'Betriber hätte mam Bezuele vu Steieren hiren Deel zu de gudden Zuele bäigedroen. Am Budget 2019 ass jo allerdéngs nees en Defizit virgesinn.
Ze begréisse wiere geplangte wirtschaftlech Mesurë fir d'Land méi attraktiv ze maachen, notamment Investissementer am Beräich Transport an Digitaliséierung, schreift d'Chambre des métiers am Communiqué.
Eng gewëss Virsiicht wier awer ubruecht. Et géing ee sech am Budget op zimlech optimistesch Hypotheese baséieren, woubäi et an Europa an op der Welt vill Onsécherheete géing ginn, zum Beispill de Brexit oder déi internationale Streidereie beim Commerce.
D'Wuesstemsprevisioune vun der EU-Kommissioun wiere manner favorabel, wéi déi vum STATEC.
Sollt d'Konjunktur net matspillen, gëtt et e Risk vum sougenannte Schéiereffet, mat manner Recetten, ewéi virgesinn, an op där aner Säit méi Depensen.
Da gëtt d'Fro gestallt, ob d'Evolutioun vum soziale Budget ze vertriede wier?
Et kéimen nach sozial Transferten derbäi an déi, déi et scho gëtt, géingen ausgebaut ginn.
D'Regierung wier zum Beispill beméit, datt d'Leit d'Beruffs- an d'Privatliewe besser ënnert een Hutt kréichen. Ma et misst een oppassen, datt een net eng Kéier ellen erwächt, sollt d'Konjunktur net sou dréien, ewéi erhofft, sou d'Warnung.
"gouverner, c'est prévoir", schreift d'Handwierkerkummer. D'Chambre de commerce hat de Budgetsprojet rezent ähnlech kommentéiert.