
D’Présidence wiesselt vun der Lydie Polfer, der Vertriederin vum Gemengesecteur, zréck bei de Vertrieder vum Staat, den Alain Becker aus dem Inneministère.
Bei de Vertrieder vum Staat kënnt et nach zu dëse Changementer: Den Daniel Schmitz aus dem Inneministère gëtt duerch den neien Directeur de cabinet am Inneministère Steff Schaeler ersat an d’Fabienne Gaul aus der Santé duerch d’Claire Angelsberg.
Bei de Representante vum Gemengesecteur gëtt de fréiere Péitenger Buergermeeschter Pierre Melina aus dem Süden duerch de Käerjenger Député-Maire Michel Wolter ersat. De Luc Pauly an de Fränk Arndt aus dem Norde gi vum Dikrecher Député-Maire Charel Weiler an de Jeff Gangler ersat.
Aus dem Oste ginn de Roger Barthelmy an de Jean-Marie Sadler duerch de Paul Ruppert an de Jos Schummer remplacéiert.
D’Dauer vun de Mandater vun den CGDIS-Verwaltungsrotsmemberen ass op 6 Joer fixéiert.
De CGDIS-Corps zielt knapp 100 Asazzentren am ganze Land, wou eng ronn 7.000 Leit engagéiert sinn. Dës sinn eng 6.600 Fräiwëlleger an eng 600 Professioneller. Zejoert hat de CGDIS eng ronn 72.000 Interventiounen, iwwerdeem beim 112 eng 250.000 Appeller entgéintgeholl goufen.