Escher Koalitiounsaccord ofgeschlossChangementer bei Ressorte Mobilitéit, Enseignement a Logement

Diana Hoffmann
Den Escher Koalitiounsaccord steet. Buergermeeschter bleift, wéi schonn ugekënnegt, de Georges Mischo (CSV).
Escher Koalitiounsaccord ofgeschloss
Changementer bei Ressorte Mobilitéit, Enseignement a Logement.

Éischte Schäffe gëtt de Pim Knaff (DP). Weider Schäffe bleiwen den André Zwally (CSV) an de Christian Weis (CSV). Fir déi Gréng kënnt de Meris Sehovic an de Schäfferot. Hie wäert dëse Posten awer mam Mandy Ragni splitten. Dëst, well souwuel hien, wéi och d’Mandy Ragni e gudde Score bei de Wale gemaach hätten, sou d’Erklärung vum Grénge Schäffen.

An de Ressorte ginn et keng gréisser Changementer, ausser dass d’Mobilitéit an den Enseignement un déi Gréng ginn an dee vum Logement bei d’CSV. Bei den Diskussiounen hätt ee sech dorobber gëeenegt, dat fir “e bëssi frësche Wand eranzebréngen”, erkläert de Georges Mischo op Nofro. Den Accord ass mat “Nohalteg liewen, solidaresch handele fir eng liewenswäert Stad” iwwerschriwwen. Dëst wier dee komplettste Koalitiounsaccord, deen Esch jeemools hat, sou de Georges Mischo am Superlativ.

Mat de Ressorte Resilienz (fir op klimatesch Extrembedingungen ze reagéieren), Déiereschutz, industriell Kultur an Archive souwéi Santé, komme véier nei Ressorten dobäi. Des Weidere ginn et an Zukunft och dräi nei Kommissiounen. Déi vun de Kulten, vum historeschen an industrielle Patrimoine an déi vun der grenziwwerschreidender Kooperatioun.

D’Ressorten am Detail

De Georges Mischo (CSV) iwwerhëlt Finanzen a Budget, Patrimoine communal, ëffentlech Sécherheet, Resilienz, zivil Zeremonie, international Relatiounen a Jumelage, Kommunikatioun, Biergerbedeelegung a Sport.

De Pim Knaff (DP) behält d’Kultur, d’Ekonomie an den Tourismus, d’Chancëgläichheet, d’Integratioun, d’Hygiène an den Déiereschutz.

Den André Zwally (CSV) këmmert sech weiderhin ëm de Ressort vum Personal an der administrativer Reform, d’Reseauen an d’Infrastrukturen, d’Senioren, Accessibilitéit, industriell Kultur an Archiven, sou wéi och ëm d’Informatik.

Dem Christian Weis (CSV) sinn dann d’Affaires sociales an d’Aarbecht, de Logement, déi stättesch Resilienz, d’Gesondheet, d’Jugend, d’Kulten an den Etat civil zougewisen.

Den neie Schäffe Meris Sehovic (Déi Gréng) iwwerhëlt d’Stadentwécklung, de Bau, d’Mobilitéit, d’Ëmwelt, d’Gréngzonen, d’Forstwirtschaft, d’Energie, den Enseignement an d’Empfangsstrukturen.

Back to Top
CIM LOGO