De Schued ass a Grenze bliwwen, dat seet den DP-Europadeputéierte Charel Goerens iwwert d'Resultat vun de franséische Wahlen; hie war e Méinden de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
2/3 wäre fir de Macron an 1/3 fir d'Le Pen. Et wär gutt, datt d'Marine Le Pen net u 40% komm wär. De franséischen Electorat hätt sech - a senger Gesamtheet – responsabel beholl. Si wären ës einfach sat mat der steriler Gauche-Droite, déi sech keng Koalitioun ka virstellen. Aner Länner hätte schonn zënter Jore Koalitiounen. D'Fransouse missten och emol léiere Kompromësser ze maachen a sech dann an der Mëtt begéinen. Bei den eenzelne Parteie géif een och nach gesinn, wéi steril déi eenzel Ausenanersetzunge wären.
D'Victoire vum Macron wär op alle Fall eng pro Europa.
De Charel Goerens fënnt et Schued, datt elo wou knapps gewielt ass, alles scho géif zerried ginn. Hien ass och optimistesch, datt den neie President bei de Parlamentswahlen am Juni eng Majoritéit hannert sech kritt.
Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moie war den DP-Europadeputéierte Charel Goerens.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.