
Invité vun der Redaktioun war e Mëttwoch de Moie géint 10 op 8 de President vun der Caritas - Accueil et Solidarité.
D'Zuele weisen an eng kloer Richtung. Dëst Joer hunn däitlech méi Leit op d'Offer vun der Wanteraktioun zréckgegraff, där humanitärer Aktioun, déi iwwert déi kal Wanterméint tëscht dem 1. Dezember an dem 31. Mäerz zu Lëtzebuerg ënnert der Leedung vum Familljeministère organiséiert gëtt. Responsabel fir d'Organisatioun um Terrain sinn Inter-Actions, d'Rout Kräiz an d'Caritas Accueil et Solidarité.
Besonnesch d'Frequentatioun am Nuetsfoyer ass eropgaang, ëm ganzer 43 Prozent. Dat entsprécht an der Moyenne enger Hausse vu ronn 35 Iwwernuechtungen den Dag. De Pic gouf den 12. Mäerz erreecht mat 163 Persounen, déi am Nuetsfoyer iwwernuecht hunn. D‘Majoritéit vun de Leit kënnt aus West-an Osteuropa.
Fir genau ze sinn, waren dat 57 Prozent vun de Leit. Virun allem d’Zuel vun deenen aus Westeuropa wier ëm 3 Prozent geklommen. Dëst hätt mat der sozialer Wanderungsmigratioun an Europa ze dinn. 7 Prozent vun de Leit wiere Lëtzebuerger. Et si virun allem jonk Leit, déi mat der Zäit net méi an déi sozial Strukture passen, betount de Charel Schmit, vun der Caritas Accueil et Solidarité.
Och wann et Pice vun 163 Leit pro Nuecht gouf, huet d’Caritas keng Leit refuséiert. A punkto Capacitéiten, hätt een sech um Limite beweegt. Wann et awer néideg ass, da ginn et och Noutbetter, déi nach opgestallt kënne ginn, sou Charel Schmit.
Zënter Enn Mäerz ass d’Wanteraktioun eriwwer. Dowéinst mussen déi Concernéiert, elo Nuets no enger anerer Méiglechkeet sichen.
D’Asyldemandeurë ginn iwwregens net considéréiert, esou nach de Charel Schmit.