
3 Fraen an 3 Männer ginn an d’Course, d’Altersmoyenne läit bei 46 Joer. Ugefouert gëtt d’Lëscht vum aktuellen Europadeputéierte Charles Goerens an der Enseignante Amela Skenderović. Déi aner Kandidate sinn d’Nancy Braun, d’Jana Degrott, de Christos Floros an de Gusty Graas.
Bei de leschten Europawale goung d’DP als stäerkste Kraaft ervir a krut direkt zwee Mandater. Beschtgewielte war de Charles Goerens virum Monica Semedo, wéi si d’Partei verlooss huet, huet d’DP dat zweet Mandat verluer a mam Charles Goerens de Moment nëmmen een Europa-Deputéierten.
De Charles Goerens huet 72 Joer, war vun 1994 bis 1999 schonn am Europaparlament an elo nees onënnerbrach zanter 2009. D’Amela Skenderović ass Englesch-Enseignante, huet 28 Joer an ass 2023 scho mat an d’Gemengen- a Chamberwale gaangen. D’Nancy Braun (51 Joer) ass Kulturmanagerin a war ënnert anerem Responsabel fir de Projet Esch 2022. Déi 3. Fra op der Lëscht ass d’Jana Degrott, si huet 28 Joer an ass Juristin. Bei de Gemengewale gouf si zu Steesel an de Gemengerot gewielt.
Méi onbekannt ass de Kandidat Christos Floros, de Mann vun 30 Joer ass Manager am Marketing, et si seng éischt Walen. Mam Gusty Graas huet een och en Deputéierte mat op der Lëscht, de Schäffe vu Beetebuerg huet 66 Joer, bei de leschten Europawale war hien de 5. Gewielten op der DP-Lëscht