HabschtChauffer fiert an ee geparkten Auto - ee Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg gouf et op eise Stroossen zwee Blesséierter, dat zu Habscht an zu Noutem.

Zu Habscht huet et en Donneschdeg de Moie géint 10 Auer geknuppt, wou ee Auto mat engem geparkte Won kollidéiert ass. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Eng Ambulanz vu Mamer war op der Plaz.

Am fréien Donneschdeg Nomëtteg, géint 13.35 Auer, gouf et dunn nach eng Kollisioun tëscht zwee Autoen zu Noutem. Zwou Persounen goufen duerch den Accident blesséiert. Eng Ambulanz vu Clierf an eng aus der Nordstad ware sur place.

Back to Top
CIM LOGO