
Wéi d’Police e Méindeg gemellt huet war enger Patrull e Sonndeg ëm 2 Auer en Auto am Garer Quartier an der Stad opgefall, well deen offensichtlech a schlechtem Zoustand gewiescht wier. Wéi d’Beamten den Auto ugehalen hunn, wier deen du mat grousser Vitess geflücht.
Réischt op der Kräizung Boulevard Dupong, Rue Raymond Pointcarré wier den Auto stoe bliwwen, mä de Chauffeur wier fortgelaf. Trotz intensiver Sich konnt d’Police en net pëtzen. D’Bäifuererin gouf dogéint direkt gepëtzt. Am Auto, deen net verséchert war, hunn d’Beamten och eng Titche Marihuana fonnt.