
De Mann ass mat héijer Vitess duerch de Rondpoint um Boulevard J-F Kennedy gefuer an huet sech duerno op eng, fir d'Police markéiert Parkplaz gestallt. De Chauffer gouf kontrolléiert.
Den Alkoholtest war positiv, donieft konnt hie keng valabel Assurance vum Won virweisen, deen och net uerdentlech ugemellt war. D'Police huet e Fuerverbuet ausgestallt, de Mann krut e Protokoll an säin Auto gouf sécher gestallt.
Da koum et zu Esch nach zu engem weider Virfall.
E jonke Mann hat kuerz virun 20 Auer 2 aner Männer an der Avenue du Rock'n Roll an e Gespréich verwéckelt a konnt hinnen dobäi eng gewëssen Zomm Boergeld aus dem Portmonnie klauen. Hien ass no de Dot geflücht, konnt awer kuerz drop vun der Police ermëttelt ginn. Déi geklaute Sue goufe sécher gestallt an et gouf protokolléiert.