
De Chauffer vun deem Auto war e jonken, fräiwëllege Pompjee, deen zanter e puer Méint eréischt de Führerschäin hat an als Ambulancier-Equipier ausgebilt ass.
Dat confirméiert d’zoustänneg Inneministesch, déi schreift, datt si keng Informatiounen zu den Ëmstänn hätt, déi zum Accident gefouert hunn. Dës missten duerch eng Enquête judiciaire gekläert ginn.
Op engem Asazgefier dierf der LSAP-Ministesch no am Prinzip all Member vum CGDIS fueren, dee fir dat entspriechend Gefier e gültege Führerschäin huet. De CGDIS bitt de Chauffere vun Asazgefierer och Fuersécherheetscoursen un, an huet zanter dem leschte Joer och e Fuersimulator.
Dës Prezisioune liwwert d’Taina Bofferding op Basis vun enger parlamentarescher Fro duerch den DP-Deputéierte Gusty Graas.
RTL News: Schwéieren Accident: Rettungsdéngscht geréit op d’Géigespuer a kollidéiert mat zwee Autoen
RTL News: Accidentéierte SAMU: Chauffeur soll nach a Proufzäit vum Permis gewiescht sinn