
Géint 17 Auer hat e Chauffeur vun engem Rettungsdéngscht am Asaz an enger Lénkskéier d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass an de Géigeverkéier geroden. Do gouf et eng Frontalkollisioun mat engem Auto, deen op der anerer Spuer a Richtung Angelsbierg ënnerwee war. De Chauffer vum Auto hat nach probéiert aus dem Wee ze kommen, mee ass dunn awer mam Rettungswo kollidéiert a gouf an de Gruef geschleidert.
D’Rettungsgefier ass weider gerutscht an nach an en zweeten Auto gerannt, deen och entgéint koum.
An dësen zwee Autoe souzen all Kéiers fënnef Leit. Eng Persoun gouf schwéier blesséiert a koum mam Rettungshelikopter an d’Klinik. D’Strooss hat misste gespaart ginn.